Bach in the Subways - dat ass de Motto ënner deem weltwäit den 21. Mäerz dem Johann Sebastian Bach säi Gebuertsdag gefeiert gëtt. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et dee Mini-Festival zanter e puer Joer a fir d’Editioun 2025 ass et eng Kollaboratioun tëschent dem INECC (Institut Européen de Chant Choral), dem Ensembel Ad Libitum an der neier Bach Vereenegung Lëtzebuerg (BVL).
Op deem engen Dag ginn et 58 Mini-Concerten op verschiddene Plazen an der Stad, um Kierchbierg an am Garer Quartier - ënner anerem am Gebai vum Kulturministère an an der Fondation Pescatore.
Wéi all Joer gëtt och erëm de Bach Project Choir dofir organiséiert, bei deem jidderee matsange kann. Umelle kann ee sech op inecc.lu.
De Lex Kauffmann huet sech mam Jean-Paul Hansen vum Comité BVL iwwer de Mini-Festival ënnerhalen.