Dëse Sonndeg, 9. Februar, kann een am Cube 521 zu Maarnech de Ludwig van Beethoven op eng ganz Intim Art a Weis kenneléieren. Ënner dem Titel Beethoven und seine Zeitgenossen gëtt e Portrait vum Bonner Komponist un Hand vu Bréiwer a Kompositioune vu senge Zäitgenossen am Cube 521 zu Maarnech gezeechent. D'Geiistin Sandrine Cantoreggi erkläert am Gespréich mam Marie Trussart, firwat de Beethoven grad am Europa vun haut nach esou wichteg ass a fir si e wichtegen Unhaltspunkt bleift.
Tëschent deenen eenzelne Wierker liest d’Schauspillerin Brigitte Urhausen och Bréiwer vir, déi dem Beethoven säi Liewen an de Kontext setzen. D'Schauspillerin ass och Spriecherin, ënner anerem bei Arte a bei der ARD. Si verréit wien dem Beethoven seng Zäitgenosse waren, ob de Komponist elo wierklech esou granzeg war, wéi hien ëmmer duergestallt gëtt, an ob si e Sonndeg éischter als Spriecherin, als Schauspillerin, oder als eng Mëschung vu béide Rollen optriede wäert.