16 Joer laang war d’Alice Frohnert Prostituéiert. Sexaarbechterin gouf déi gebierteg Polin an den 80er an Däitschland fir domat hire Studium ze finanzéieren. No hirer Zäit um Stréch war et de Karriärswiessel an de Journalismus, bei d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Zënter deem setzt d’Alice Frohnert sech dofir an, d’Prostitutioun als Beruff ze rehabilitéieren.
Den neien Episod vum B-Radio leeft dëse Sonndeg um 11 Auer um Radio 100,7 an op 100komma7.lu.