Kultur
Zum Doud vum Michel Medinger
Dir hutt et an eisen Noriichten eventuell héieren: de Fotograf Michel Medinger ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen. Verschiddenen ass hien éischter als Liichtathleet e Begrëff, dee Lëtzebuerg z.B. 1964 op den olympesche Summerspiller zu Tokyo als Marathon-Leefer vertrueden huet; ma eigentlech war och d’Konscht ëmmer en Défi, eng Passioun, fir hien. An den 1980eger ass hien als Fotograf entdeckt ginn, huet seng poetesch-surrealistesch, selwer inszenéiert, schwaarzwäiss Foto-Stëllliewen national an international ausgestallt. 2018 war et dunn di grouss Retrospektiv am CNA, an zejoert ass säi Liewenswierk a Form vun engem Kuriositéitekabinett als Homage op de renomméierte Rencontres d’Arles ausgestallt ginn. Dozou eng Ausso vum Rencontres d’Arles-Direkter Christoph Wiesner zejoert no enger éischter Presentatioun vum Projet am CNA zu Diddeléng.
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau