D’Aarbechtskultur, respektiv d’Aarbechtshygiène oder den Aarbechtsklima sinn haut wichteg an och sensibel Sujeten. Esou munch een deet sech schwéier tëschent Work-Life-Balance an Homeoffice seng tatsächlech Balance ze fannen. Do stellt sech da séier d’Gefill an, et wier een deen eenzegen, deen ëmmer um schaffe wier, iwwerdeems et sech déi aner gutt goe loossen. Just Gedäisch am Kapp? Fir eise Soundatlas hunn d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen emol hir Kopfhörer ausgedoen a sech dorop konzentréiert, wat fir Niewegeräischer verschidden Aarbechtskolleege vum radio 100,7 produzéieren a woufir déi stinn.
arrow_back_ios
Soundatlas
Och onscheinbar Kläng kënnen eis Kreativitéit a Fantasie stëppelen
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min
mic_none
Presentéiert vum
- jb-kt_375