Mir reagéieren am Prinzip relativ sensibel op Temperaturënnerscheeder oder op de Wiessel vun Dag an Nuecht. Mee bedeit dat, datt mir déi verschidde Saisonen tatsächlech klanglech, also mat Hëllef vun eisen Oueren, auserneen hale kënnen? A ginn et Ënnerscheeder tëschent den auditive Kapazitéite vu Land- a Stadmënschen? An eisem Soundatlas, an deem mir reegelméisseg ee Klang analyséieren an d’Lienen zu Konscht, Alldagskultur a Wëssenschaft sichen, wollt de Joé Birchen et wëssen an huet d’Kerstin Thalau getest.
arrow_back_ios
Soundatlas
Kënne mir de Wiessel vun Dag op Nuecht héieren?
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: Unsplash / _K8_)
mic_none
Presentéiert vum
- jb-kt_251
Episoden
D'Luucht an der Konschtexpo "Boogie"
Luuchte kann een net nëmme gesinn, mee och héieren.
Wat bedeit de Raum an der Konschtexpo "Boogie"?
Ee Spill tëscht Bannen- a Baussewelt
Wat héiert ee bei der plastescher Konschtexpo "Boogie"?
D'Expo "Boogie" steet fir Rhythmus, an zwar net just um visuelle Plang
Vu Feier iwwer Buergbrenne bis akustescht Wandspill a Maansgréisst
Feier ass dat stäerkst vun eise 4 Grondelementer, allerdéngs net, wat säi Klang ugeet.
Wandstëll ... gëtt et dat iwwerhaapt?
Och eng kleesper Lëftche ka fir interessant Melodië suergen.
Téin aus dem Waasser
Ënnerwee mat dem Eko-Akustiker Sam Erpelding
Wéi kléngt de Bëschbuedem am Éislek?
Eis véier Grondelementer als Soundexperienz
Vigel a Päifen
Kënne mir mat Hëllef vu Péckvillercher mat de Vigel kommunizéieren?
Noise
Et geet ëm den héchsten an déifsten Toun, an alles dertëscht

Wou fënnt ee beim radio 100,7 seng Rou?
Wéi kléngt Rou, a kann een déi opzeechnen?

Och onscheinbar Kläng kënnen eis Kreativitéit a Fantasie stëppelen
Soen onbewosst produzéiert Niewegeräischer eppes iwwer d’Qualitéit vun enger Aarbecht aus?
Naturgewalten als Museker? Jo, dat kléngt ënner Ëmstänn richteg gutt!
“Natierlech” musikalesch Improvisatioune beim Soundatlas

Kënne mir de Wiessel vun Dag op Nuecht héieren?
Dominéiert a fräier Natur eng onbestänneg Soundkuliss oder kréckelen eis eis Oueren eng?

Eng nei Identitéit duerch kleng “kosmetesch” Agrëffer bei der Stëmm
Per Knäppche transportéiere mir eng Stëmm duerch eng Bandmaschinn bis an en Tunnel.
Sport maache, fir a Form ze bleiwen oder fir de Grant eraus ze loossen
"Granzeg" Sportlerinnen hunn et a verschiddene Sportaarte schwéier

Klëmmt e Bamstamm e Kullang erop
Wëll Erzielungen a skurril Entdeckungen an Text ... an haaptsächlech och an Toun
De Soundatlas fir Schinnegejiips an Zukunft anescht ze héieren
Schinne verbannen: net just Plazen, mee duerch hire Sound, och eis mat eiser Geschicht

D'Soundgewulls vun der Schueberfouer
Kuerz virun der Rentrée ware mir fir Iech déi lescht Schueberfouer-Kläng fëschen.
Soundatlas oder Atlassound
Mir testen, ob d’Gehier sech iwwer d’Ouer hae léisst.
Waassermusek
An dëser Episod vum Soundatlas maache mir en Tour ronderëm d’Waasser - an dat zesumme mam Wand.
- 1
- 2