100komma7.lu / Kultur

/ The Ancient Iwwert Afrofuturismus an Detroit

The Ancient Iwwert Afrofuturismus an Detroit

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

11 min

The Ancient, esou gëtt den Abu Qadim Haqq genannt. Dee mëttlerweil 55 Joer ale Mann ass eng Zentralfigur am Afrofuturismus Konschtmouvement vun Detroit. A sengem CV steet ënner anerem, datt hien d’Albumcovere vun den Techno-Legenden Underground Resistance an Drexciya gemaach huet. The Ancient war zu Lëtzebuerg ze gesinn: Am Claudio Caruso sengem Vinyl Harvest Buttek zu Esch huet hien zwou Stonne laang eng Dier bemoolt, bis datt eng Cyber-Fra op engem Päerd ze gesi war.

Seng Duechter d’Qadira huet wärenddeems een DJ-Set gespillt. Duerno duerft ee Froe stellen. The Ancient huet op Nofro erkläert, firwat seng Duechter am Homeschooling ass: well den ëffentleche Schoulsystem zu Detroit miserabel ass - dëst ass zanter iwwert 30 Joer keng Neiegkeet. An Amerika ass Detroit dacks d’Punchline vu Witzer, déi scho laang net méi witzeg sinn, besonnesch zanter déi staark Automobilindustrie ënnergaangen ass. Den Ancient selwer war an enger kathoulescher Privatschoul. Seng Eltere konnte sech dat leeschten, well säi Papp fir Chrysler an der Fabrik geschafft hat. Dat war zu enger Zäit, wou een och ouni Schoulofschloss eng gutt bezuelten Aarbecht konnt fannen. D’Stad Detroit ass awer och fir hir immens kreativ Musekszeen bekannt; och Hiphop gëtt do groussgeschriwwen. Den Eminem an seng Kolleegen am Rapkollektiv D12 si vun Detroit a liewe weiderhin do. Op e puer vun dëse Saache koum deen nom Mole midden Här mam Nicolas Calmes ze schwätzen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"Comme ça et pas autrement": "Viens Élie" vum Jonas Sollberger

"Comme ça et pas autrement": "Viens Élie" vum Jonas Sollberger

"Viens Élie" ass den Debutroman vum jonke Schwäizer Schrëftsteller Jonas Sollberger, deen et direkt gepackt huet, ee Buch bei de prestigiéisen Editions de Minuit erauszebréngen.
headphones

1 min

play_arrow
An der Philharmonie eng Stater Stroossekuliss opbauen | © Kerstin Thalau

An der Philharmonie eng Stater Stroossekuliss opbauen

Musse Kulissebauer net och e bësse Schauspiller sinn?
headphones

19 min

play_arrow
Eternal Tango zu Kayl | © Steve Kugener

Eternal Tango zu Kayl

Eigentlech gëtt et d'Band zanter 14 Joer net méi, elo gouf awer annoncéiert, datt si den 21. Juni op der Fête de la Musique zu Keel spillen.
headphones

8 min

play_arrow
© Commune de Betembourg

Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
headphones

9 min

play_arrow
Film vun der Woch: "Ghost Elefants"

Film vun der Woch: "Ghost Elefants"

A sengem Documentaire begleet de renomméierte Cineast Werner Herzog d'Sich no enger mythescher Elefantenzort.
headphones

10 min

play_arrow
Jonk Museker:inne fréi professionaliséieren

Jonk Museker:inne fréi professionaliséieren

Am Gespréich mam Enseignant a Museker Ben Konen iwwer déi nei Musekproduktiounssektioun am Lycée Michel Lucius
Eng feministesch BD zu Avignon: en Interview mat der Christine Muller

Eng feministesch BD zu Avignon: en Interview mat der Christine Muller

D'Christine Muller iwwer "Une rose plus rouge", dat dëse Summer wäert op Avignon goen.
headphones

31 min

play_arrow

Feels like Home

Zesumme mat Schülerinnen aus der Klass 3ième A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass.
headphones

9 min

play_arrow
Rewire Festival zu Den Haag

Rewire Festival zu Den Haag

De Weekend ass zu Den Haag déi 15. Editioun vum Rewire Festival, bei deem experimentell Musek a Konscht am Vierdergrond steet.
headphones

8 min

play_arrow
"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen" | © Michel Delage

"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"

Jonk si wärend de "bläie Joren" an de 70er a jonk sinn haut: e Gespréich mam italieenesche Schrëftsteller Dario Ferrari
headphones

14 min

play_arrow
One Piece Live Action

One Piece Live Action

Eng Adaptatioun vum Anime a Manga "One Piece", geschriwwe vum Eiichiro Oda
headphones

6 min

play_arrow
Maz Univerze - The Oracle a méi | © Fondation EME

Maz Univerze - The Oracle a méi

Mat der neier Single "THE ORACLE" ass neit Material ënnerwee, a vläicht geschwënn op der Bün.
headphones

14 min

play_arrow
What a Mess We've Done: den Arthur Clees iwwer seng zweet Soloplack

What a Mess We've Done: den Arthur Clees iwwer seng zweet Soloplack

Op dësem eklekteschen Album mat spannenden Elektrosounds vereene sech dem Lëtzebuerger Museker seng Talenter als Museker, Komponist a Produzent.
headphones

24 min

play_arrow
"Le Ciel a disparu" vum Alain Blottière

"Le Ciel a disparu" vum Alain Blottière

Een eelere Schrëftsteller wëllt den Elon Musk ëmbréngen, well dee fir hien den Architekt vum Enn vun der Welt ass ...
headphones

9 min

play_arrow
Dem Nik Novak seng Lautspriecher-Skulpturen zu Esch | ©  Aura Satz

Dem Nik Novak seng Lautspriecher-Skulpturen zu Esch

Eng perséinlech Vue op de “Sound Horeg” an Indonesien
headphones

24 min

play_arrow
Decolonizing at Manchester Museum | © Manchester Museum

Decolonizing at Manchester Museum

Wat mécht ee mat Muséesstécker, déi wärend der Kolonisatioun geklaut goufen? De Manchester Museum äntwert mat enger neier Plattform.
headphones

3 min

play_arrow
Gewënner a Verléierer vun der Revolutioun a Rumänien | © Michel Delage

Gewënner a Verléierer vun der Revolutioun a Rumänien

E Gespréich mat der rumänescher Schrëftstellerin Gabriela Adameșteanu iwwer hiren neie Roman "Stimmen auf Abstand"
headphones

18 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vum aktuelle Filmprogramm mam Michel Delage
headphones

6 min

play_arrow

Bario Triste

Zesumme mat Schülerinnen aus der Klass 3ième A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass.
headphones

7 min

play_arrow