Kultur
/ Vum batterséisse Succès a Literaturen, déi keng Maschinn ka reproduzéieren
Vum batterséisse Succès a Literaturen, déi keng Maschinn ka reproduzéieren
10 min
Am kollektiven Interview mat dräi Journalisten aus der Belsch an zwee aus Lëtzebuerg, dorënner de Jeff Schinker, huet den Nicolas Mathieu iwwert den ambivalente Succès vu sengem mam Prix Goncourt ausgezeechente Roman "Leurs enfants après eux" geschwat a sech mat der Theateradapatatioun vum Roman, déi et am Escher Theater ze gesi gouf, méi wéi zefridde gestallt. Et goung awer och em d'Verfilmung, déi am Dezember soll erauskommen, em d'Erausfuerderungen, deenen sech en Auteur am digitalen Zäitalter muss stellen, em d'Jeux Olympiques zu Paräis an em d'Walen a Frankräich. Well wéi de Mathieu seet: "Si on organise les JO avec un gouvernement d'extrême-droite, ça la fout un peu mal." Mir lauschteren en Auszuch aus dem Interview.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker