Klassik Serie
Geiger a Monaco
De Cercle Symphonique de Rumelange huet dëse Weekend direkt zwee Optrëtter zesumme mam Chouer vun der Uni.lu. Um Programm stinn dëse Freideg (28.06.) “Der Geiger von Echternach” vun der Lou Koster an dëse Sonndeg (30.06.) “Ënner bloem Himmel” vum Jean-Pierre Kemmer.
Geleet ginn déi ronn 100 Leit op der Bün vum jonken Dirigent Sidney Scho. Deen 21-järege Museker schléisst domat seng éischt Saison als Dirigent vum Cercle Symphonie vu Rëmeleng of.
De Christophe Mirkes huet sech mam Sidney Scho iwwer säin drëtten a bis ewell gréisste Projet mam Orchester ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes