Klassik-Album vun der Woch
Kee Barock, mee Ba-Rock
7 min
Viru ronn siwe Joer hunn den Ismael Campanero an den Daniel Oyarzábal sech kennegeléiert. Deemools si si zesumme mat anere Museker opgetrueden. An elo spillen déi zwee zesummen am Duo. An net nëmmen hir Zesummenaarbecht ass nei. Mat hirem Album “The New Violone” hunn déi zwee eppes gemaach, wat virdrun net existéiert huet: en Album ophuelen, op deem d’Instrument vum Violone am Virdergrond steet. Op deem spillt den Ismael Campanero, an den Daniel Oyarzábal ass um Cembalo an op der Uergel. D’Resultat: ee rockege Barock, oder einfach Ba-Rock. D‘Marie Schockmel huet an den Abum eragelauschtert.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel