Glass for Two ass den Titel vum Concert, deen de Vibraphonist Pascal Schumacher zesumme mat der Pianistin Danae Dörken den 1. Juni um 5 Auer an der Loretto Kapell zu Klierf gëtt. Um Programm sti Stécker aus hirem leschten Album Glass Two, deen als Hommage un de Komponist Philipp Glass geduecht ass. Wat huet de Rond-Point bei der Luxexpo mam Philipp Glass ze dinn? Wat ass eigentlech e Rework a wéi eng gemeinsam musekalesch Sprooch deelt de Schumacher mam Glass? Ënner anerem dat, verréit hien am Gespréich mam Marie Trussart, an och firwat den amerikanesche Komponist hien esou faszinéiert.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Glass for two
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart