Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL feiert seng 50 Joer. Ënnert anerem gëtt dofir de 15. Mee op e Jubiläumsconcert an der Philharmonie agelueden. Fir d'Occasioun ass d'Marie Trussart op Éinen gaangen, do wou 1974 alles ugefaangen huet. Do huet hat sech mat der Geiistin Dominique Poppe an dem Professer Joseph Groben getraff: allebéid ware bei deenen éischte Momenter vum Orchester mat dobäi. Si hunn sech ënner anerem doriwwer ënnerhalen, wéi alles ugefaangen huet, wat den Orchester zanter 50 Joer nach ëmmer zesummenhält a si hu verroden, wat si sech fir d'Zukunft vum Orchester wënschen.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
50 Joer OCL
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart