De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen. An zwar an d'Paräis vum 17. Joerhonnert, fir méi genee ze sinn an de Palais du Louvre. Ënner dem Titel "Le Coup de Majesté” presentéiert den Ensembel Le Poème Harmonique ënner der Leedung vum Theorbist Vincent Dumestre a mat der Mezzosopranistin Eva Zaïcik eng Villfalt u Kläng aus dëser Epoch. De Programm ëmfaasst Balleten a Kammermusek bis zu Drénklidder, Vollekslidder an Extraiten aus italieeneschen Operen. D’Marie Trussart huet sech mam Vincent Dumestre, deen den Ensembel Le Poème Harmonique och matgegrënnt huet, iwwer seng Passioun fir d'Kultur vum 17. Jorhonnert ënnerhalen an doriwwer, wat fir eng Zäitrees de Public den Owend erwaart.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Le Coup de Majesté
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart