Ënner dem Motto Sons littéraires initiéiert d'Harfenistin Dina Nimax ee Concert dëse Freideg (14.3.) am Mierscher Theater. Literaresch Kläng an eng musikalesch Rees duerch d'Säiten. Sons littéraires ass ee Concertsprojet, bei deem literaresch Wierker musikalesch verschafft ginn. Mee virdru kritt de Publique déi jeeweileg Wierker och op der Plaz virgelies.
D'Iddi fir dëse Concertsowend kënnt vun der jonker Lëtzebuerger Harfenistin Dina Nimax, déi och d'Wierker erausgesicht huet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann gëtt d'Musekerin en Abléck an d'Ëmsetzung an d'Konzept.