Virun e puer Deeg huet de Georges Urwald zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, der Debbie Marinkovich an dem Ivan Boumans en Album mam Titel “Lidderflupp” digital erausbruecht. Lidderflupp ass och den Titel vun engem Projet, deen de Georges Urwald zesumme mat der MIL ASBL op d'Bee gesat huet. Op deem Album kann een 10 Medleye lauschteren, déi sech jeeweils ëm ee Komponist, eng ganz Epoch oder eng bestëmmten Thematik dréien. D’Marie Trussart huet mam Georges Urwald ënner anerem iwwer d’Volleksmusek zu Lëtzebuerg geschwat, wat se esou besonnesch mécht, an hien huet och verroden, firwat hien esou begeeschtert ass vun eisem Musekspatrimoine.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Lidderflupp: Lëtzebuerger Vollekslidder
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart