“Christmas Carols” ass e Concert, deen d’Amis du Chant Luxembourg schonn zanter 1992 organiséieren. Um Programm steet englesch Chrëschtmusek an englescher Sprooch.
Dëst Joer séngt de Chouer dee Concert direkt zweemol - eemol wéi gewinnt am Stater Conservatoire, an eemol an der Porkierch zu Mäerzeg. Op der Affiche steet dëst Joer awer och e weidere Chrëschtconcert um Belval am Kader vum Evenement Blast into Christmas, mat feierleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Den Dirigent Fränz Theis huet dem Marie Schockmel méi verroden.