D’Kanner vum Panda Club aus dem Natur musée hu sech zesummegesat an nees spannend Geschichten ausgeschafft a geschriwwen. An déi Geschichten, déi si all zesumme mam Dominique vum Panda Club op Blat bruecht hunn, goufen am Studio vum radio 100,7 opgeholl. An elo kanns du se an denger Kannerkëscht lauschteren. Bei dëser Geschicht vum Max a Bamba stinn de Gepard an d’Fauldéier am Mëttelpunkt.
An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!