
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Djuna Bernard
Mir froen déi gréng Deputéiert ënnert anerem, ob hir Partei eng Pensiounsreform fir néideg hält.

Dr. Nathalie Rausch
Zënter 25 Joer gëtt et eng Fleegeversécherung hei am Land: D'Directrice kuckt zréck an erkläert.

Tom Haas
Froen un de neien Direkter vum STATEC, deen an e puer Deeg d'Nofolleg vum Serge Allegrezza iwwerhëlt.
Marc Spautz
Wéi kommentéiert den CSV-Fraktiounschef d'Tensiounen tëscht dem Aarbechtsminister Georges Mischo an de Gewerkschaften?

Claude Christnach
Nom Zodi aus de leschte Méint huet den Direkter vum Lycée Josy Barthel zu Mamer ugekënnegt, keen 3. Mandat un der Spëtzt vun der Schoul unzestriewen.

Georges Mischo
Den Aarbechtsminister reagéiert op d'Kriticke vun de Gewerkschaften u senger Persoun, senger Aart a Weis a senge Projeten.

Timothée Parrique
De franséischen Ekonomist vertrëtt déi fir Leit vu sengem Fach iwwerraschend Thes, dass eis Wirtschaft éischter gebremst gi misst wéi dass se ëmmer weider wuesse soll.

Stéphanie Empain
Froen un déi nei Co-Presidentin vun déi gréng

Constance Uyttebrouk
De Liewensstandard geet erop, an trotzdeem ass den Impakt vun de Logementspräisser zu Lëtzebuerg am Verglach mat der Groussregioun am héchsten. Firwat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Chercheuse vum Observatoire de l'habitat.

Gilles Roth
D'Christiane Kleer befreet de Finanzminister iwwer säi Budgetsprojet fir 2025.

Mandy Minella
Déi fréier Spëtzesportlerin ass viru genee engem Joer an d'Chamber gewielt ginn a presidéiert elo d'Familljekommissioun. D'Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer éischt Schrëtt an der Politik an hir familljepolitesch Prioritéiten.

Grand-Duc Henri & Prënz Guillaume: den Interview (1)
Extraiten aus dem Gespréich mam Staatschef a sengem zukünftege Stellvertrieder. Themen: d'Lieutenance, d'Haus zu Kolmer-Bierg an d'Reorganisatioun vun der Maison du Grand-Duc.

Xavier Bettel
Mam DP-Ausseminister mécht d'Christiane Kleer de Point iwwer de Poids vu Lëtzebuerg am No-Ost-Konflikt an d'Konsequenzen déi d'Eskalatioun och fir de Grand-Duché ka kréien.

Patrick Remakel
D'Enseignants-Gewerkschaft SNE seet, d'Inklusioun an de Schoule géif net funktionéieren. Wat muss sech änneren? Mir froen den SNE-President.

Michel Polfer
Den Direkter vum Nationalmusée, deen Enn des Joers a Pensioun geet, kuckt zeréck op seng 19 Joer un der Spëtzt vum MNAHA, dem Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art.

Tom Delles
Den Direkter vun der Akerbauschoul erkläert seng ADR-kritesch Haltung a wiert sech géint d'Reprochen, déi him dowéinst gemaach ginn.

Marlène Negrini
D'Presidentin vum Policesyndikat SNPGL huet weder um neie Minister, nach um neie Generaldirekter vun der Police vill auszesetzen.

Raoul Schaaf
Den Direkter vum Comité Nationale de Défense Sociale (CNDS) iwwer 20 (+1) Joer Abrigado an d'Konsequenze vun der Caritas-Affär fir de soziale Secteur.
