
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Lex Delles
No der "nationaler Consultatioun" iwwer den Ausbau vun den erneierbaren Energien zu Senneng: Froen un den Energieminister

Claude Reuter
De President vun der Gewerkschaft vun de Gemengebeamten FGFC mat Suergen ëm den TICE an Onverständnis iwwer en Accord salarial, deen nach ëmmer net ëmgesat ass.

Tilly Metz
De Maurice Molitor freet déi gréng Europadeputéiert, wéi d'Auditioune vun den designéierten EU-Kommissäre verlaf sinn.

Pierre Jaeger
De Maurice Molitor schwätzt mam President vun der Copas iwwer d'Problemer, déi et am Secteur vun der Fleeg ginn, fir genuch Mataarbechter ze fannen.

Jean Asselborn
Bréngt den Donald Trump als neien US-President d'Weltuerdnung endgülteg duercherneen? A wat ass vun Neiwalen an Däitschland ze erwaarden? Dat froe mir de fréieren LSAP-Ausseminister Jean Asselborn.

Charles Goerens
Wéi sollen d'Europäer mam designéierten US-President Donald Trump ëmgoen? A wat bedeit d'Enn vum der Ampel-Koalitioun an Däitschland? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam liberalen Europadeputéierten.

Robert Harmsen
Mam Politikwëssenschaftler an Dekan vun der Fakultéit vun de Sciences humaines an den Erzéiungs-a Sozialwëssenschaften op der uni.lu beliichte mir déi neiste Resultater vun den US-Walen.

Claudine Backes
Enger Etüd vum Luxembourg Institute of Health no ginn et manner Stierffäll wéinst Kriibs. Wat dat am Detail bedeit, erkläert déi wëssenschaftlech Direktesch vum Kriibsregeëter a Co-Auteure vun der Etüd.

Serge Wilmes
Mam CSV-Ëmweltminister schwätze mir iwwer d'Resultater vun der COP16 an d'Biodiversitéit hei am Land.

Thomas Lentz
D'Fedas wëllt sech an Zukunft méi politesch äusseren. Probéiert d'Federatioun vun de sozialen Acteuren d'Caritas esou ze ersetzen? Mir froen hire Generalsekretär.

Steve Martellini
D'Liwwerplattform Goosty ass faillite. Wéi vill leiden d'Restauranten dodrënner? Mir froen de Generalsekretär vun der Horesca.

Romain Wolff
Mir froen de President vun der CGFP, wéi eng Roll d'Staatsbeamtegewerkschaft am Debat ëm d'Pensioune wëllt spillen.

Jürgen Junk
De Klimatolog vum LIST huet gehollef eng detailléiert Klimakaart vun de Südgemengen auszeschaffen. Wat verréit déi Kaart eis?

Laurence Zenner
D'Tariffer fir d'Stroumnetz gi vum 1. Januar un anescht berechent. Mir froen d'Direktesch vun der CREOS, op de Stroum doduerch méi déier gëtt.

Kimon Leners a Gianni Di Paoli
Wéi positionéieren d'Studenten a Studentinne sech an der Rentendebatt? Dat froe mir déi zwee Vertrieder vum Studentenverband ACEL.

Djuna Bernard
Mir froen déi gréng Deputéiert ënnert anerem, ob hir Partei eng Pensiounsreform fir néideg hält.

Dr. Nathalie Rausch
Zënter 25 Joer gëtt et eng Fleegeversécherung hei am Land: D'Directrice kuckt zréck an erkläert.
