De Peter Bernstein Trio ass ee Fiels an der Brandung, wann ee vum modernen Uergeltrio schwätzt, also eng Band aus Gittar, Hammond-Uergel a Batterie. Dem Organist Larry Goldings steet hei eng besonnesch Verantwortung zou, well hie souwuel d'Roll vum Bassist, wéi och déi vun der Begleedung mat Akkorden an awer och déi vum Solist ausfëllt, munchmol och déi 3 zesummen.
Den Allan Holdsworth ass wuel ee vun de bedeitendste Fusion/Progressive Jazz-Gittariste vun allen Zäiten.
An de Martin Horntveth bréngt mat sengem “Prohet Gouldian Finch” ee brandneien Album eraus, mat lauter illusteren norweegesche Museker, op de Foussspuere vu Jaga Jazzist, awer mat deem néidege Renouveau.
Playlist:
1. Peter Bernstein - Sublime Indifference
2. Peter Bernstein - Who can I turn to?
3. Peter Bernstein - The Breakthrough
4. Allan Holdsworth - The Sixteen Man of Tain
5. Allan Holdsworth - Water on the Brain pt. II
6. Allen Holdsworth - Material Unreal
7. Gouldian Finch - CAPS LOCK
8. Gouldian Finch - Spinning Pinwheel
9. Gouldian Finch - No Filter