Et ass mëttlerweil déi fënneft Editioun vum Echterjazz Festival, fir déi wärend 3 Deeg vum 27. Februar bis den 1. Mäerz am Trifolion erëm alles am Zeeche vum Jazz steet. De Richard Bona, de Bill Frisell an den Thomas Quasthoff mam Rüdiger Baldauf sinn déi grouss international Affichen. D'Lokalzeen gëtt representéiert vun der Veda Bartringer, dem Joël Metz an dem Jeff Herr sengem neien Duo "My Olympus" mat der Sara Gilis, a LINQ, Bodies an Nobaban assuréieren d'After Club Sessions. De Pit Dahm an de Pol Belardi ginn Iech en Avant-Goût op dëse formidabele Festival.
arrow_back_ios
Genuddels a Gejiips
Den Echterjazz Festival am Trifolion zu Iechternach
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentateuren
- Pol Belardi
- Pit Dahm