Genuddels a Gejiips
Ray Brown, Tord Gustavsen an Tower of Power
60 min
De Ray Brown steet fir een enorme Kontrabass-Sound a Swing. Wéineg Leit hunn dëst Instrument esou gepräägt wéi hien, an dat héiert een och op der Plack "Something for Lester" aus dem Joer 1977, zesumme mam Cedar Walton an dem Elvin Jones.
Den Tord Gustavsen bréngt en neien Album op ECM eraus, op deem hien d'Schéinheet vum Ewechloosse zelebréiert.
Tower of Power sinn Urgesteng vum Funk, Soul a Groove an hu viru gutt 10 Joer e Best Of erausbruecht fir hire 40. Anniversaire.
Playlist:
1. Ray Brown - Love Walked In
2. Ray Brown - Little Girl Blue
3. Ray Brown - Sister Sadie
4. Tord Gustavsen - Old Church
5. Tord Gustavsen - Seeing
6. Tord Gustavsen - Beneath your Wisdom
7. Tower of Power - Soul with a Capital S
8. Tower of Power - You got to Funkifize
9. Tower of Power - You’re still a Young Man
Presentateuren
- Pol Belardi
- Pit Dahm