De leschte Samschdeg (28. Februar) hunn d’USA - zesumme mat Israel - den Iran ugegraff, fir - wéi den US-President Donald Trump seet - e Regimmwiessel erbäizeféieren.
Dës Interventioun ass net déi éischt, fir vu baussen d’Leedung vum Iran auszetauschen. D’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, geet an hirem Fräie Mikro op d’Operatioun Ajax an, duerch déi d’USA a Groussbritannien 1953 am Iran agegraff hunn.