Fräie Mikro
Sinn eis Demokratien nach ze retten?
4 min
Ëmmer méi Mënsche wiele Rietspopulisten. Ob Trump an den USA, Milei an Argentinien, Meloni an Italien oder Geert Wilders an Holland, ob AfD an Däitschland, Rassemblement National a Frankräich oder FPÖ an Éisträich: d'Tendenz ass kloer. D'Wieler wiele konservativ, nationalistesch an autoritär. Schluss mat progressiver Gläichstellung a Bedeelegung, mat oppene Grenzen a Multikulti, hin zu enger Gesellschaft, déi op Identitéit, Konfrontatioun an Oprëschtung setzt. Sinn eis Demokratien nach ze retten? Déi Fro stellt sech d’Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewe Laura Zuccoli an hirem Fräie Mikro.