Mir werfen endlech e Bléck op eng Communautéit, déi Lëtzebuerg wéi kaum eng aner gepräägt huet: déi portugisesch Diaspora. Zanter den 1960er Jore koume vill Portugisen a Portugisinnen op Lëtzebuerg - dacks fir hei ze schaffen a sech e Liewen opzebauen. Haut ass dës Communautéit déi gréisst am Land an e feste Bestanddeel vun eiser Gesellschaft.
Zesumme mat eise Gäscht schwätze mir iwwer hir perséinlech Geschichten: Firwat koume si oder hir Famill op Lëtzebuerg? Wéi gesäit hiren Alldag tëschent zwou Kulturen aus? Wéi eng Roll spillt Portugal nach an hirem Liewen - a wéi vill Lëtzebuerg koum do derbäi?
Et geet ëm Sprooch, Identitéit, Integratioun, Erënnerungen a Verännerungen iwwer Generatiounen. Wéi ënnerscheet sech d’Erfarung vun der éischter Generatioun vun där vun de Jonken, déi hei gebuer sinn? A wou fënnt een haut nach portugisesch Kultur zu Lëtzebuerg - am Alldag, an de Veräiner oder op de Fester? De Cédric Reichel am Gespréich mat der Madalena Queirós, der Isabel Andrade Bento an dem Paulo Jorge Lobo.