Et ass verdächteg roueg zu Bréissel. Déi europäesch Kommissioun hannerléisst de Moment den Androck vun Iwwerfuerderung, dat kuerz ier den Donald Trump an den USA erëm d’Soe kritt an am Virfeld scho mol eng Rei perturbant Annonce gemaach huet. Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF mat senger éischter Analyse vum Joer mat Bléck op d’EU.
arrow_back_ios
Europa Aktuell
Panik zu Bréissel
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Christiane Kleer
Episoden

Kënnt et zum SPD-Putsch géint den Olaf Scholz?
Eng Analys vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch

Aussepolitesch Deklaratioun ouni Visioune fir d'EU
De Xavier Bettel huet villes gesträift, awer kaum konkret Ablécker an dat ginn, wat een EU-politesch vun der Lëtzebuerger Regierung ze erwaarden huet, mengt d'Danièle Weber a senger Analys.
De groussen Test
D'Hearinge vun den zukünftegen EU-Kommissäre si gutt verlaf, bis dës Woch dee vun der Spuenierin Teresa Ribera aus dem Rudder gelaf ass. D'Spannunge si grouss, an d'Ursula von der Leyen muss no Léisunge sichen.

Koalitioun am EU-Parlament: “Et traut keen deem anere méi”
De Prozess fir d'EU-Kommissären a Kommissärinne guttzeheeschen ass am EU-Parlament blockéiert. D'Sozialiste reprochéieren der Europäescher Vollekspartei mat der pro-europäescher Koalitioun ze briechen.

Conseil de l'Europe: Wat ass sech vun der Lëtzebuerger Presidence ze erwaarden?
Mir froen den Ausseminister Xavier Bettel.
EU-Parlament verleet gréissten demokrateschen Exercice
Déi sechs Vizepresidenten a -presidentinne vun der neier EU-Kommissioun goufen nach net vum EU-Parlament confirméiert. D'Decisioun gouf verluecht, op wéini ass nach net bekannt.

Ungaresch ONGen setzen op europäesch Geriichter
Dem Viktor Orban no sollen EU-Länner Geriichtsurteeler ignoréieren, wa se "ondemokratesch sinn" - fir Mënscherechts-ONGe si se awer dacks déi lescht Hoffnung fir géint de Regimm unzekommen.

EU-Sommet zu Budapest
Éischte Sommet vun de 27 EU-Staats- a Regierungscheffen no der US-Presidentschaftswal

Ampelkoalitioun an Däitschland an der Kris
Gëschter Owend huet den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz säi Finanzminister Christian Lindner entlooss. Wei koum et dozou a wéi geet et elo weider? Dozou eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch

Nomineiert EU-Kommissäire gi vun haut un am EU-Parlament "gegrillt"
Bei den Hearingen am Europaparlament stinn déi zukünfteg Membere vun der EU-Kommissioun den Europadeputéierte Ried an Äntwert. Als ee vun deenen éischten ass de Lëtzebuerger Christophe Hansen un der Rei.
L'intelligence artificielle prend les commandes de la radio polonaise
Une expérimentation visant à confier la présentation d'une radio publique à des personnages créés par l'IA s'est heurtée à une forte opposition sociétale en Pologne.

L'intelligence artificielle prend les commandes de la radio polonaise
Une expérimentation visant à confier la présentation d'une radio publique à des personnages créés par l'IA s'est heurtée à une forte opposition sociétale en Pologne.

Firwat brauch et Sécherheetszone virun engleschen Ofdreiwungsklinicken?
Mir hu bei eiser England-Korrespondentin Marie Billon nogefrot.

Wiederkatastroph a Spuenien
Duerch de staarke Reen an Iwwerschwemmunge sinn op d'mannst 95 Mënschen a Spunien ëm d'Liewe komm. Déi Zuel riskéiert haut nach ze klammen, mengt eis Spuenien-Korrespondentin Aurélie Chamerois.

EU-Parlament: Wat stécht hanner dem Vott vun der EVP par rapport zu de riets-extreeme Fraktiounen?
A Migratiounsfroen iwwerschneit sech d'EVP deels inhaltlech mat extreem-rietse Fraktiounen. D'Fro stellt sech, wéi sech d'Partei vun der Mëtt an Zukunft bei Votten am EU-Parlament verhält.

Brandmauer mat Rëss: Onkloer, op wat d'EVP erauswëllt
No engem Vott déi lescht Woch stelle sech Froen doriwwer, wou genee déi gréisst Fraktioun am Europaparlament, d'EVP, déi rout Linn par rapport zu de riets-extreeme Fraktiounen zitt.
Portugal: Regierung wëll déi gréng Mobilitéit fördere
Budget vun 115 Milliounen Euro sinn virgesinn fir déi gréng Mobilitéit.
