
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Den Hallwer Néng
Episoden


Wéi fillt et sech un, näischt méi ze gesinn?
De Maurice Molitor mécht d’Experienz an engem Erliefnismobil, an ënnerhält sech mam Direkter vum Kompetenzzenter fir Leit mat enger Séibeanträchtegung Frank Groben a mat der Presidentin vun der Stëftung CBM Diane Wolter.

Nuetsmarathon 2024
D’Däischtert, d’Kuliss an d’d’Stëmmung maachen de Marathon duerch d’Stad zu engem eemolegen Erliefnis, seet den Organisateur Erich François.

Luxembourg ? points
Den Dag no der ESC-Halleffinall: Froen un de Lëtzebuerger Delegatiounschef zu Malmö Eric Lehmann an un d’100,7-Reporterin op der Plaz Sophie Schroeder.

E Feier a seng (Asbest-)Konsequenzen
Mam Scheierbrand vu Leideleng ass d’Asbest-Problematik nees an d’Aktualitéit geréckelt. Froen un de Buergermeeschter Lou Linster an un de Robert Roos vun der Gewerbeinspektioun (ITM).

Priester ginn am Joer 2024
Wat motivéiert een, sech an dësen Zäiten an den Déngscht vun der Kierch ze stellen? E Gespréich mat den zwee Nei-Priester Léon Weber a Jakob Zeilinger a mam President vum Séminaire Patrick Müller.

Abenteuer Camping?
De Bernie an de Jean Speller hunn hir Jobs als Kiné an Architekt zum Deel un den Nol gehaange fir hirem Papp säi Camping ze iwwerhuelen.

Homeoffice: Gi mer geschwënn erëm all zréck an de Büro?
An der Corona-Pandemie hu vill Patrone vun engem Dag op den aneren op Homeoffice ëmgestallt. Wéi vill bléift nach dovun iwwreg? A wat mécht dat mat de Leit?

Iwwer d'Grënn an d'Hannergrënn vun haislecher Gewalt
D'Laurence Bouquet an d'Daniela Cabete beroden am Service "Riicht eraus" vun der Croix-Rouge Täterinnen an Täter vun haislecher Gewalt.

Save Urban Birds
Ënnert deem Slogan lancéiert natur&ëmwelt e Pilotprojet, fir méiglechst ville Vullenzorten eng Zukunft an de Stied ze erhalen. Explikatioune vum „Mister Vulleschutz“ Jim Schmitz a vun der Biologin Catherine Kirsch.

Plomm, deen neie Kannermusée
Zu Wolz mécht dëse Sonndeg deen éischten an eenzege Musée just fir Kanner hei am Land seng Dieren op. De Maurice Molitor schwätzt op der Plaz mat der Direktesch Manon Eicher.

50 Joer Nelkenrevolutioun
Live aus dem Musée um Fëschmaart: Haut ass do de Vernissage vun enger Expo iwwer d’Revolutioun, mat där der Diktatur am Portugal 1974 en Enn gesat gouf.

Liewen am Internat
Live aus der “Bullett” zu Iechternach, am Gespréich mam Direkter Marc Diederich a mat der Generaldirektesch vun den Internats Jacques Brocquart Karin Fisker.

De Rëmelenger Arboretum
Viru 25 Joer ass op engem alen Dreckstipp en neie Bësch ugeplanzt ginn. Informatiounen iwwer des Site an iwwer e pedagogesche Projet vun der Minett Biosphere mat zwou lokale Schoulklassen.

Fair Moud: Déi nohalteg Alternativ zur Fast fashion
De Maurice Molitor ënnerhält sech mam Jean-Louis Zeien vu Fairtrade Lëtzebuerg a mam Karel Lambert, dee Fairtrade zertifiéiert Moud zu Lëtzebuerg verdreift.

Andreas Komninos
Mam spezialiséierten Affekot schwätze mir iwwer d'Méiglechkeeten, déi d’Affer vun der Plattform Crypto4Winners elo hunn.

D’Wëllbeie kämpfen ëm hiert Iwwerliewen
D’Wëllbeie si vum Ausstierwe bedrot, well et net genuch Blummen a Schlupflächer fir si gëtt. An de Wéngerten op der Musel soll dat sech elo änneren. Mir ginn dohi kucken.

Wéini ass e Kand héichbegaabt?
Mir froen de Moritz Breit vun der Uni Tréier an de Cyril Wealer vum zoustännege Kompetenzzenter, wéi een Intelligenz bei Kanner ka moossen, a wéi ee mat héichbegaabte Kanner soll ëmgoen.

Start an d’Motorradsaison: Op wat soll een oppassen?
D’Fréijoer ass do, an domat sinn och erëm méi Leit mat Motorrieder ënnerwee. U wat musse si sech hale fir sécher duerch den Trafic ze kommen?
