
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Den Hallwer Néng
Episoden


An de Kulisse vun enger Staatsvisitt
Den tschechesche Staatspresident kënnt op Lëtzebuerg. Den Yves Arend aus der Maison du Grand-Duc erkläert, wéi esou eng Visitt virbereet gëtt.

Den neie Resistenzmusée
Live aus dem frësch renovéierte Musée National de la Résistance et des Droits Humains, deen e Freideg (1.3.) nees opgeet.

Gesondheetsfacteur Gewiicht
De Luxembourg Institute of Health koordinéiert den EU-Projet Healthy W8 géint d’Vollekskränkt Obesitéit. Explikatioune vum LIH-Ernierungswëssenschaftler Torsten Bohn.

Ginn d’Kanner haut iwwerdiagnostizéiert?
Froen un de Pediater Dr. Fernand Pauly, deen op déi kierperlech a geeschteg Entwécklung vu Kanner spezialiséiert ass.

Ambulant Sozial-a Familljenaarbecht vum Service PAMO
D'Valerie Scuto-Franck Chargée de Direction vum PAMO vun der Fondatioun Kannerschalss ass d'Inviée vum Jean Claude Majerus

Op der Sich no engem Stéck Lëtzebuerger Konschtgeschicht
De Moler Jean-Pierre Beckius wier dëst Joer 125 Joer al ginn. Grouss Deeler vu sengem Wierk sinn haut an onbekannten Hänn. Mir froe seng Enkelinnen, wéi si se wëllen erëmfannen.

De Filmfong mécht eng éischt Ausschreiwung fir Videospiller
Viru Kuerzem huet de Filmfong eng éischt Ausschreiwung fir d’Produzente vu Videospiller lancéiert. Wat stécht dohannert? A wéi vill Videospiller ginn iwwerhaapt zu Lëtzebuerg produzéiert?

Hëllef fir jonk Leit an Nout
Informatiounen iwwer d’Fondatioun EPI (encouragement, promotion, intégratioun).

Lifting fir d'Esplanad
Haut ass den Optakt vun engem Laangzäit-Schantgen zu Réimech: laanscht d'Musel gëtt alles frësch gemaach.

Aarmut ass eng Realitéit
Aarmut ass de Sujet ëm deen et haut am Hallwer Néng geet, de Jean Claude Majerus mellt sech aus dem Office Social deen Käl-Téiteng-Remeleng zesummen hunn a mer wäerten ëmräisse wat Aarmut hautdesdaags heescht.

Wéi steet et em de Bio-Secteur?
Deelen d’Bio-Baueren d’Suergen, déi hir konventionell Kollegen sech maachen? A wéi gutt verkafen, déi méi deier Bio-Produiten sech an Zäite vun allgemeng héije Präisser? Dat ass eist Thema haut am Hallwer 9.

Diddeléng: D’Fleegestatioun fir wëll Déieren ass iwwerlaascht
D’Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeléng ass ze kléng, a muss deelweis Déieren ofweisen. Wéi séier ka se ausgebaut ginn? Dat kuckt de Rick Mertens sech op der Plaz un.

Satir an hëtzegen Zäiten: Wéi provokativ soll se sinn?
De politeschen Débat gëtt am Moment esou opgelueden, ewéi seele virdrun. Wéi soll d’Satir domat ëmgoen? Mir froen de Karitaturist Carlo Schneider an zwee Vertrieder vum Kollektiv Richtung22.

E Brand a seng Konsequenzen
Live vu Jonglënster. Zéng Deeg nom Feier am Gemengenhaus: Froen un de Buergermeeschter Ben Ries.

Liichtmëssdag an aner Bräich
Froen un de Patrick Dondelinger, deen am Kulturministère fir dat immateriellt Kulturierwen zoustänneg ass.

Wéi klimafrëndlech ass den Elektroauto?
Den Thomas Gibon, Chercheur am LIST, analyséiert den Impakt vum E-Auto op d'CO2-Emissiounen.

Weiderbildung am Bausecteur
Live aus dem Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB) zu Beetebuerg

Ass en Unisdiplom keng Garantie méi géint Chômage?
De Louis Chauvel, Professer fir Soziologie op der Uni Lëtzebuerg, iwwer de Phänomean vun ëmmer méi aarbechtslosen Akademiker
