De Concertsprogramm gëtt mam Wolfgang Amadeus Mozart senger 21. Sonat fir Gei a Piano agelaut, där eenzeger an enger Mineur-Tounaart. Dëst kënnt awer net vun ongeféier: de Mozart huet dës Sonat kuerz nom Doud vu senger Mamm, der Anna Maria Mozart, geschriwwen.
Duerno héiere mir dann eent vun de leschten eegene Wierker vun der Clara Schumann. Kuerz Zäit drop ass hire Mann, de Robert Schumann, gestuerwen a vun do un huet si sech virun allem der Vermaartung vun de Wierker vun hirem verstuerwene Mann dediéiert. Déi 3 Romanzen op.22 ginn nawell als neie Moment an hirem Kompositiounsstil gesinn: et geet een dovun aus, datt den enke Kontakt mam Violonist a Frënd Joseph Joachim si do beaflosst huet.
Ofschléissen deet dëse Programm mat méi nordesche Kläng: dem Edvard Grieg seng bis haut vill gespillte Sonat fir Gei a Piano Nr. 3. Nodeems den Norweger seng éischt zwou Geiesonaten a relativ kuerzer Zäit geschriwwen huet, huet hie sech hei méi Zäit gelooss. Eegenen Aussoen no gehéiert dës Sonat zu senge léifste Kompositiounen an och wann hie selwer se als méi westeuropäesch beschreift, esou huet se dach eng ganz Rei un Elementer aus der norwegescher Folklor a sech.
Interpretéiert gëtt dëse Programm vun der Alexandra Conunova op der Gei an dem Enrico Pace um Piano. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 18. Mee 2026 an eiser Opus-Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Geiesonat Nr. 21 a Mi mineur, KV 304
Clara Schumann (1819-1896): 3 Romanze fir Gei a Piano, op.22
Edvard Grieg (1843-1907): Geiesonat Nr. 3 an Do mineur, op.45
Interpreten:
Alexandra Conunova, Gei
Enrico Pace, Piano