E Concert, bei deem d'Grenzen tëschent der klassescher Musek an der Filmmusek verschwammen. Dat steet hanner dem Motto "Casser les murs". Op der grousser Bün an der Philharmonie um Kierchbierg spillen net nëmmen d'Musekerinnen a Museker vum OCL (Orchestre de Chambre du Luxembourg), mee mat dobäi sinn och de Mateusz Molęda um Dirigentepult an de Johannes Moser um Cello. Hien ass weltwäit bekannt, trëtt op bal alle Kontinenten op, a spillt nieft dem klasseschen Cello och nach um elektreschen Cello.
Programm:
• Wojciech Kilar: Orawa
• Dmitri Schostakowitsch: Concerto fir Cello an Orchester Nr. 1
• Robert Schumann: Sinfonie Nr. 2
Interpreten:
• Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL)
• Johannes Moser, Cello
• Mateusz Molęda, Direktioun