Sträicher vun de Lëtzebuerger Philharmoniker huelen eis zesumme mam Pianist Yannick Van de Velde mat op eng Rees an déi franséisch Romantik. D’Kammermusek-Formatioun ass awer net eleng. Bei zwee Wierker ass nämlech och Trompett derbäi. Dëst ass e Matschnëtt vum Concert “Trompette et romantisme à la française” vum 4. Mee 2025, dee vum opus 100,7 am Kammermusekssall an der Philharmonie opgeholl gouf. Um Programm steet ënner anerem Musek vum César Franck a Saint-Saëns.
Programm:
- Corentin Boissier (1995-): Concertino fir Trompett, Sträichquartett a Piano op.31
- César Franck (1822-1890): Quintett fir Piano a Sträicher op.14
- Camille Saint-Saëns (1835-1921): Septett fir Trompett, Sträicher a Piano op.65
Interpreten:
- Adam Rixer, Trompett
- Bartlomiej Ciaston, Gei
- Gayané Grigoryan, Gei
- Viktoriya Orlova, Bratsch
- Vincent Gérin, Cello
- Choul-Won Pyun, Kontrabass
- Yannick Van de Velde, Piano
Dëse Concert, presentéiert vum Isabelle Origer, kënnt Dir bis de 29. Juni 2025 an der opus Mediathéik lauschteren.