Am Kader vum Bridging Europe Concert triede Museker aus dem European Union Youth Orchestra mam Budapest Festival Orchestra op. Dobäi erkléngen déi markantste Stiler aus deene verschiddenen Natiounen uechter Europa: spuenesche Flair mam de Falla, Virtuositéit an traditionell ost-europäesch Kläng mam Franz Liszt an typesch tschechesch Sinfonik mam Dvořák. Déi musikalesch Brécke ginn net nëmmen op europäeschem Terrain gebaut. Dem Iván Fischer seng jazzeg Dance Suite léisst nämlech klanglech och eng Verbindung bis an Amerika entstoen.
Programm:
Manuel de Falla (1876-1946): Spueneschen Danz Nr. 1 aus "La vida breve"
Franz Liszt (1811-1886): Ungaresch Rhapsodie Nr. 4 a Re mineur, S. 244/4 (arr. Franz Doppler)
Iván Fischer (*1951): Dance Suite fir Gei an Orchester (ungaresch Uropféierung)
Antonín Dvořák (1841-1904): Sinfonie Nr. 7 a Re mineur, op.70
Interpreten:
Diana Tishchenko, Gei
Jenö Listzes, Zimbal
European Union Youth Orchestra
Budapest Festival Orchestra
Iván Fischer, Direktioun
Dëse Concert gouf den 20. September 2025 am Béla Bartók National Concert Hall zu Budapest opgeholl.
D'Opnam vun dësem Concert ass disponibel op www.opus.radio bis de 17. Juli 2025.