arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Dem Verdi seng “Messa di Requiem", eng Doudemass fir de Concertssall

Dem Verdi seng “Messa di Requiem", eng Doudemass fir de Concertssall

play_disabled

Dem Verdi seng Doudemass huet, zu senger Zäit, ville keng Rou gelooss: Dierf esou ee Wierk theatralesch a politesch motivéiert sinn? Misst et net éischter de Fridden an de Glawen un d’Éiwegkeet representéieren?

Den Erfolleg awer huet dem Verdi Recht ginn. D’Wierk, dat zu Éiere vum italieeneschen Nationaldichter Manzoni geschriwwe gouf, eruewert no senger Uropféierung 1874 séier de Publikum. Seng “Kierchemusek ouni Kierch” huet begeeschtert.

Mir iwwerdroen de Concert vum Däitsche Sinfonieorchester a vum Rundfunkchor Berlin ënner der Leedung vun der finnescher Dirigentin Eva Ollikainen. Mat um Programm steet och eng Uropféierung vun engem Chouerwierk vun der jonker islännescher Komponistin Anna Thorvaldsdóttir.


Programm:

Anna Thorvaldisdóttir (*1977): Heyr pú oss himnum á (2005)

Giuseppe Verdi (1813-1901): Messa di Requiem


Interpreten

Krassimira Stoyanova, Sopran

Yaje Zheng, Mezzosopran

Gregory Kunde, Tenor

Kosta Smorigina, Bassbariton

Rundfunkchor Berlin

Deutsches Sinfonie Orchester

Eva Ollikainen, Direktioun


Dëse Concert, presentéiert vum Joachim Fontaine, kënnt Dir bis de 9. Juli 2025 an der opus-Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

The Dream of Gerontius vum Edward Elgar

De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.

Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas

Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass

"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.

Dem Bach seng Meeschterwierker

De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.

D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025

"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.

Rencontre musicale

An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.

Fokus op dem Verdi säi Requiem

Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?

Galaconcert vum Geza Anda Concours

Galaconcert vum Geza Anda Piano Concours an der Tonhalle vun Zürich mat de Gewënner Mihály Berecz, Dmitry Yudin an Ilya Shmukler.

Romantesch Empfindlechkeet

Eng Formatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hëlt Iech mat an d'Klangwelt vum Anatoli Liadov, der Tatsiana Zelianko an August Klughardt. Ländlech, imaginär a ganz zougänglech.

Aus Nördlichen Gefilden

Stiermesch Melodien, lëfteg Klangfaarwen a räich Harmonien

Bach meets Jazz mam Brad Mehldau

Jiddereen ass e Fan vum Bach: de Strawinsky, Webern an och ... d'Jazz Musekerinnen a Museker.
play_disabled

Fusioun vu Vollekslidder a Klassik

Den Norwegesche Radiosorchester spillt ënnert der Leedung vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby Wierker vum Mozart, Dvořák a Ligeti.
play_disabled

I got rhythm

Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
play_disabled

Chouermusek vu Monument bis Raritéit

Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Dat mat Wierker vu Schumann a Bach op hirem tra
play_disabled

E romantesche Potpourri mam Lang Lang

De Starpianist Lang Lang an d'Düsseldorfer Symphoniker mat engem Programm vu Mendelssohn bis Dvorák.
play_disabled

Mozart Forever - E Stéck Wien zu Bukarest

Fir d’Ouverture vum Magic Summer International Festival spillt de rumänesche Camerate regală e puer vum Mozart senge bekanntste Wierker.
play_disabled

Jonke Lëtzebuerger Quartett

De Yanis Grisó, d'Cathy Heidt, d'Sophie Urhausen an de Matis Grisó spillen hiren éischte gemeinsame Kammermusekconcert an der Philharmonie.
play_disabled
Wagner’s Legacy | © Casa da Música/João Messias

Wagner’s Legacy

De Leopold Hager, dee 15 Joer Chefdirigent vum RTL Orchester war, feiert säin 90. Gebuertsdag mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
play_disabled

Staark Fraen am Livematschnëtt vu Stockholm

D'Geiistin Isabelle Faust am Alban Berg sengem Geieconcerto an déi bekanntesten däitsch Sinfonikerin, d'Emilie Mayer
play_disabled

Zweete Pianosconcerto vun der Albena Petrovic

Bulgaresch Musek aus dem 20. an 21. Joerhonnert mam Bulgareschen Nationale Radio-Symphonieorchester
play_disabled