No enger Orchestratioun vum Maurice Ravel sengem 4. Saz aus der Piano Suite "Miroirs", "Alborada del gracioso", trëtt de Pianist Nelson Goerner op d'Bün an entféiert Iech an 3 Klanglandschaften aus der spuenescher Regioun Andalusien, d'Heemecht vum Komponist Manuel de Falla. Mat “Noches en los jardines de España” huet de Komponist sech staark u senge franséischen Zäitgenossen a Komponistefrënn Maurice Ravel a Claude Debussy inspiréiert an déi deemools beléiften impressionistesch Klangfaarwe mat spuenescher Folklor vermëscht. Genee an dësem Esprit ass och dem Ravel seng “Rhapsodie espagnole” entstanen, staark gepräägt vu senge spuenesche Virfaren an dem Debussy senger "Soirée dans Grenade". Dëse mediterrane Programm erlieft da mam Manuel de Falla senger Ballet Suite "El amor brujo" an 13 Sätz säin Héichpunkt. Dobäi geet ëm d'Erzielung vun enger onerfëlltener Léift tëschent der Candela an hirem Carmelo, well si vum Geescht vun hirem verstuerwene Mann befall ass. Dës programmatesch Wierker, Balletssätz a Klanglandschaften, mol orchestral, mol solistesch gespillt, ginn Iech hei vum Orchestre Philharmonique de Monte-Carlo ënner dem Dirigent Josep Pons presentéiert.
Am Vierdergrond stinn iwwerdeems de Pianist Nelson Goerner an d'Sängerin María Toledo. Opgeholl gouf dëse Concert vun der European Broadcasting Union am Auditorium Rainier III vu Monte-Carlo zu Monaco an Dir kënnt e bis den 13. Juli 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm
Maurice Ravel (1875-1937)
- Alborada del gracioso (Orchesterversioun)
Manuel de Falla (1876-1946)
- Noches en los jardines de España
En el Generalife
Danza lejana
En los jardines de la Sierra de Córdob
Maurice Ravel (1875-1937)
Rhapsodie espagnole
Prélude à la nuit
Malagueña
Habanera
Feria
Manuel de Falla (1876-1946)
- El amor brujo (Ballet Suite)
Introducción y Escena
En la cueva (La Noche)
Canción del amor dolido
El aparecido
Danza del terror
El circulo mágico
A media noche, los sortilegios
Danza ritual del fuego
Escena
Canción del fuego a fatuo
Pantomima
Danza del juego de amor
Final: Las campanas del amanecer
Interpreten
Nelson Goerner, Piano
María Toledo, Gesang
Orchestre Philharmonique de Monte-Carlo
Josep Pons, Direktioun