Huelt Plaz am 100,7-Concertssall a lauschtert zesumme mam Lex Kauffmann an ee Concert, deen am Abrëll am Markus-Sittikus-Saal zu Hohenem, an Éisträich gespillt gouf am Kader vum Schubertiade Festival 2024.
Op der Bün stoungen hei Museker:inne vum Minetti Quartett zesumme mam däitsche Braatschist Nils Mönkemeyer. Erausgesicht hu si sech Wierker vu Schubert, Dvorak a Mozart.
Dëse Concert kënnt Dir bis de 17. Juli 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm
- Franz Schubert (1797-1828): Sträichquartett Nr. 15 a Sol Majeur D.887
- Antonin Dvořák (1841-1905): Sträichquintett op.97
- Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Adagion ma non troppo, Sträichquartett Nr. 4 a sol mineur K.516
Interpreten
- Minetti Quartett
- Nils Mönkemeyer, Braatsch