Op dësem Concert ginn et dräi Highlighten. Eemol dem Mozart säi berüümten “Ave verum” an dem Haydn säi prächtegen “Te Deum” an Undenken un d'Kaiserin Maria Theresia. Dat drëtt Wierk um Programm ass déi monumental Mass a Mi bémol Majeur vum Schubert. Déi gëllt zanter hirer Entdeckung duerch de Brahms als “Schwangengesang und Triumph” aus der romantescher Epoch. Donieft iwwerraschen den Dirigent Philipp Ahmann a säi Chouer vum MDR-Rundfunk awer och mat manner bekannte Wierker vun de “grousse Klassiker” wéi dem Mozart an Haydn. Dofir ass de Chouer dann och net eleng, mee de Rundfunkorchester vum MDR an d'Soliste vum Chouer sinn och mat op der Bün.
Programm:
- Wolfgang A. Mozart: Veni sancte spiritus KV 47
- Joseph Haydn: Insanae et vanae curae – Motette
- Wolfgang A. Mozart: Misericordias domini KV 222
- Joseph Haydn: Te Deum “für Kaiserin Maria Theresia”
- Wolfgang A. Mozart: Ave verum KV 618
- Franz Schubert: Mass a Mi bémol Majeur D 850
Interpreten:
- Chouer a Soliste vum MDR Rundfunk
- MDR Rundfunkorchester
- Philipp Ahmann, Direktioun
Dëse Concert, presentéiert vum Joachim Fontaine, kënnt Dir bis de 9. Juli 2025 an eiser Mediathéik lauschteren.