Beethoven a Berlioz. Eng Alliteratioun, zwee Nimm an dräi Wierker gespillt vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ënner dem Gaaschtdirigent Gabriel Bebeselea.
Ënnerstëtzung krut den Orchester am Abrëll 2025 bei dësem Concert vum US-amerikanesche Bariton Michael Spyres.
Dorënner spille si d'Ouverture aus “Egmont” vum Beethoven, vun där de berüümten Dichter Johann Wolfgang von Goethe scho geschwäermt huet.
Ma och d'Summernuechte vum Berlioz an dem Beethoven seng Sinfonie Nr.8 sinn ee Grond, dësen Owend nach eemol Revue passéieren ze loossen.
De Concert mat Commentairë vum Lex Kauffmann kënnt Dir nach bis den 11. Juli 2025 an eiser Mediathéik vum opus 100,7 lauschteren.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Egmont - Ouvertüre
Hector Berlioz (1803-1869): Les Nuits d'été (Sommernächte)
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr. 8
Interpreten
Michael Spyres, Tenor
Lëtzebuerger Philharmoniker
Gabriel Bebeselea, Dirigent