D'Fréijoer ass schonn zanter enger Zäit am Gaangen, an deels fillt et sech dobaussen och scho wéi Summer un. Fréijoersgefiller dinn awer ëmmer gutt, zemools a Form vu Musek. Déi bréngt och een Trio mat dräi Enseignanten aus dem Escher Conservatoire. Op dësem Concert spillen d'Geiistin Caroline Reuter, d'Cellistin Nora Braun an d'Pianistin Stefanie Duprel Wierker aus der franséischer Museksgeschicht - et geet vum Jean-Marie Leclair aus dem Barock bis bei d'Lili Boulanger aus dem 20. Joerhonnert.
Programm:
-
Lili Boulanger (1893-1918): "D'un matin de printemps" & "D'un soir triste" fir Gei, Cello a Piano
- Jean-Marie Leclair (1697-1764): Sonat a Re Majeur op. 5 Nr. 8 fir Gei an Uergel (Extrait aus dem 3. Livre des Sonates pour violon et basse continue)
- Gabriel Fauré (1845-1924): Romance op. 69 & Papillon op. 77, fir Cello a Piano
-
Camille Saint-Saëns (1835-1921): Romance op. 36 fir Cello a Piano
- Gabriel Fauré: Trio fir Piano, Gei an Cello a Re Mineur op. 120
Interpreten:
-
Caroline Reuter, Gei
- Nora Braun, Cello
-
Stefanie Duprel, Piano
Lauschtere kënnt dir dëse Concert, opgeholl vum Escher Conservatoire, nach bis den 28. Juni 2025 an eiser Mediathéik.