Wat ass de Sënn vum Liewen? Wat bleift nom Doud nach vum Mënsch oder vun der Musik déi e geschriwwen huet?
Ënnert dem Titel «Heartbeats» hunn d’Lëtzebuerger Philharmoniker am Februar op e Concert mat zäitgenëssesche Wierker invitéiert, mam Verspriechen, datt en «out-of-the-box» an «thought-provoking» wäert sinn. E soll sech nämlech haaptsächlech ronderëm déi grouss existenziell Froen dréien, déi Komponiste wéi den Charles Ives oder den Dmitri Schostakowitsch sech an hire Wierker gestallt hunn. Ob si ëmmer eng gutt Äntwert drop fonnt hunn – dat lauschtere mir eis an dëser Emissioun un.
D’Häerzstéck vun dësem Concert ass déi lëtzebuergesch Première vum Concerto fir Perkussioun an Orchester mam Titel “A Savage Beat”. De 36-Joer jonke finnesche Komponist Sauli Zinovjev huet dëst Stéck op Commande vun dräi Musiksinstitutiounen, dorënner och d’Lëtzebuerger Philharmonie, geschriwwen. Als Solistin héiere mir déi däitsch-bulgaresch Perkussionistin Vivi Vassileva, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Direktioun vun hirem laangjärege Museksdirekter Gustavo Gimeno.
Dir kënnt de Concert, presentéiert vum Tanja Duprez, nach bis de 4. Juni 2025 an eiser Mediathéik nolauschteren.
Programm:
-
Charles Ives (1874-1954): The Unanswered Question (1906-1935)
"The Last Reader" (Andante con moto)
"The See'r" (Scherzo)
"The Unanswered Question" (Largo to Presto)
- Sauli Zinovjev (1988): A Savage Beat. Concerto fir Perkussioun an Orchester (Commande vun der Philharmonie, dem Beethoven Orchester Bonn an dem Wiener Konzerthaus) (–2024)
Arrival
Together
Beat I
Metal
Intermezzo
Beat II
-
Dmitri Schostakowitsch (1906–1975): Sinfonie Nr. 15 a La Majeur op. 141 (1971)
Interpreten:
-
Vivi Vassileva, Perkussioun
-
Lëtzebuerger Philharmoniker
- Gustavo Gimeno, Direktioun