Den Orchestre de Chambre du Luxembourg an de portugisesche Gaaschtdirigent Nuno Coelho sinn den 30. Mäerz 2025 am Kammermuseksall vun der Philharmonie opgetrueden. De Repertoire féiert duerch déi verschidde Klangfaarwen, déi Mëtteleuropa an dräi Epochen duerchlieft huet. Déi musikalesch Rees geet mam Rameau, Janacek a Beethoven vu Frankräich iwwer Tschechien bis an Éisträich.
Programm:
Jean-Philippe Rameau (1683-1764): Ouverture aus der Oper "Naïs" (Opéra pour la paix)
Leoš Janáček (1854-1928): Suite fir Sträichorchester
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr. 4 a Si bémol Majeur
Interpreten:
Orchestre de Chambre du Luxembourg
Nuno Coelho, Direktioun
D'Opnam vun dësem Concert ass nach disponibel bis den 28. Mee 2025 an der Mediathéik op www.opus.radio