Concert
Réckbléck Prix Anne et Françoise Groben 2024
De 14. November 2024 stoungen d'Isabelle Kruithof, de Yanis a Matis Griso, de Colin Toniello an de Christophe Pütz als Finalistinnen a Finalisten op der Bün am Grand Auditoire vun der Philharmonie. Dëst am Kader vun der Final vum Prix Anne et Françoise Groben 2024. Musikalesch goufen si op dësem besonnesche Concertsowend vum Lëtzebuerger Kammerorchester OCL ënner der Direktioun vum Roland Kluttig begleet. Et war een Owend voller Virtuositéit a musikalesch héijem Niveau, vun deem Dir Iech nach bis de 26. Februar 2025 selwer an eiser Mediathéik iwwerzeege kënnt. Programm: - Christophe Pütz • Joey Roukens (1982 - ) - Saz 1,2 & 3 aus dem Perkussiounsconcerto - Yanis Griso • Felix Mendelssohn Bartholdy (1809 - 1847) - 1. Saz vum Geieconcerto op. 64 • Camille Saint-Saëns (1835 -1921) - Introduction et Rondo Capriccioso - Matis Griso • Camille Saint-Saëns (1835 -1921) - 1. Celloconcerto a la mineur - Colin Toniello • Felix Mendelssohn Bartholdy (1809 - 1847) - 1. Pianoconcerto a Sol Mineur, op.25 - Isabelle Kruithof • Felix Mendelssohn Bartholdy (1809 - 1847) - 3. Saz aus dem Geieconcerto a Mi mineur Interpreten: • Christophe Pütz • Yanis Griso • Matis Griso • Colin Toniello • Isabelle Kruithof • OCL, Kammerorchester Lëtzebuerg • Roland Kluttig, Dirigent
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann