Concert
Mitsuko Uchida trëfft op Beethoven a Schönberg
Dem Ludwig van Beethoven seng Piano Concertoe gehéieren zum meescht gespillte Repertoire ënner de grousse Pianistinnen a Pianisten, an eng dovun ass déi japanesch-englesch Pianistin Mitsuko Uchida. Och mat 76 Joer ass si ëmmer nach ganz aktiv op de Weltbünen, verstoppt awer och net hir Begeeschterung fir deen dach ëmstriddene Komponist Arnold Schönberg. Dëse steet direkt am Ufank vun dësem Concert mat engem Wierk um Programm, dat dem Komponist seng ganz eegen Technik beim Veraarbechte vu Motiver opweist. Mee och d'Pianistin huet sech nach eng kleng Nummer vum Schönberg als Encore erausgesicht. Da steet och de Romantiker Johannes Brahms um Programm, dëst mat engem vu sengen alleréischten orchestrale Wierker. Wéi eent dat ass, dat héiert Dir an dësem Concert mam Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin, zesumme mat sengem Dirigent Vladimir Jurowski an der bekannter Pianistin Mitsuko Uchida.
Lauschtere kënnt Dir dëse Concert nach bis den 18. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.
Programm:
- Arnold Schönberg (1874-1951): Thema a Variatiounen, op.43b
- Ludwig van Beethoven (1770-1827): Piano Concerto No. 3 an Do mineur, op.37
- Johannes Brahms (1833-1897): Serenade Nr. 1 a Re Majeur, op.11
Interpreten:
- Mitsuko Uchida, Piano
- Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin
- Vladimir Jurowski, Direktioun
Presentéiert vum
- Jérémy Ney