Aus der Rei vun de Concerts-apéritif vun de Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker héiert Dir de Concert “Auf der gleichen Saite”, bei deem fënnef Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an enger Kammermuseksformatioun spillen.
Eng romantesch Rees mat um Programm stinn d’"Märchenerzählungen" vum Robert Schumann an d’“Phantasy for Piano Quartet H.94” vum Frank Bridge.
De Concert ass bis den 1. Januar an der Mediathéik vum opus 100,7 disponibel.