Concert
De Christus-Oratorium vum Franz Liszt
An dësem Live-Matschnëtt steet dee seelen opgeféierte “Christus-Oratorium” vum Franz Liszt um Programm. Et ass e Wierk, un deem de Komponist wärend véier Joer zu Roum komponéiert huet, an dat ëmmer erëm als Geheimtipp ënner Experte kurséiert. Den John Storgards dirigéiert de Chouer an den Orchester vum spuenesche Radio.
Programm:
Franz Liszt (1811-1886): Christus-Oratorium
After Epiphany, Deel 2
Passion and Resurrection, Deel 3
Interpreten:
María Teresa Leva, Sopran
Silvia Tro Santafé, Mezzo-Sopran
José Bros, Tenor
Joan Martín-Royo, Bariton
RTVE Chorus
RTVE Symphony Orchestra
John Storgårds, Direktioun
De Concert gouf den 23. Februar am Teatro Monumental zu Madrid opgeholl an Dir kënnt e bis den 21. Januar 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Presentéiert vum
- Remy Franck