Concert
Dem Tschaikowski säin "Nussknacker"
“Den Nussknacker” - e Klassiker net nëmme fir Chrëschtdag mee och am Ballet. Den Tschaikowski verwandelt dem E.T.A. Hoffmann seng fantastesch Erzielung an eng geneesou magesch Musek, déi och dem Bünendanz nei Weeër opmaache soll. De Joachim Fontaine presentéiert Iech e Live-Matschnëtt vum Orchestre National de France ënner der Leedung vum Fabien Gabel.
Dëse Concert gouf de 14. Dezember 2023 zu Paräis opgeholl ginn an Dir kënnt e bis de 7. Januar 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893) - Der Nussknacker, op.71, Ballet
Interpreten:
Orchestre National de France
Fabien Gabel, Direktioun
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine