Concert
E monumentale Requiem
Den 23. Oktober 2023 stoung dem bekannten italieenesche Komponist säi grousse Requiem am Mëttelpunkt vun der Programmatioun an der Philharmonie zu Lëtzebuerg.
Eng Doudemass, déi mat enger Längt vun annerhallef Stonn ervirstécht, bei där awer och musikalescht Material zu engem groussen Deel aus engem anere Requiem geholl gouf. Wat et domat op sech huet, verréit de Jeremy Ney, deen duerch dëse Programm féiert.
Interpretéiert gëtt dëst Wierk vum Choeur de Chambre de Luxembourg mat de Solisten Elizabeth Wiles, Sopran; Lilia Istratii, Mezzo-Sopran; Mihail Mihaylov, Tenor a Charles Dekeyser, Bass. Begleet gi si hei vum European Academic Orchestra an der Musique Militaire Grand-Ducale, dat Ganzt ënner der Leedung vum Antonio Grosu.
Dëse Concert kënnt Dir bis den 1. Januar 2024 zu all Moment an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Presentéiert vum
- Jérémy Ney