Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Ee BBC Proms Concert mat enger Lëtzebuerger Musekerin

Ee BBC Proms Concert mat enger Lëtzebuerger Musekerin

Um Programm vun de 46. BBC Proms sti Wierker vu Jean Sibelius, Lara Poe a Gustav Holst.
Ee Concert vun de BBC Proms de 25. August 2024 an der Royal Albert Hall zu London, bei deem och déi jonk Lëtzebuerger Musekerin a Studentin Julie Scheuren matspillt.

Et spillt de Sibelius Academy Symphony Orchestra vun Helsinki, Finnland zesumme mam Royal College of Music Symphony Orchestra an Chamber Choir. Den Dirigent ass de Sakari Oramo an d'Sopranistin vun dësem Concert ass d'Finnin Anu Komsi.

De komplette Concert mat den Informatiounen a Commentaire kënnt Dir bis den 1. November 2024 op eisem Site lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Vu Korngold iwwer Bartók bis Boulanger

Den Alpesh Chauhan an den Andris Poga dirigéieren den Nationale Sinfonieorchester vun der italieenescher RAI.

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Mozart made in Manchester

Huelt zesumme mam Joachim Fontaine Plaz am radio 100,7- an opus 100,7-Concertssall a genéisst dëse Concert vu Manchester.

Strauss, Bruch a Wagner

En däitsche Komponisten-Trio am Géigesaz zu der franséischer Komponistin Mel Bonis.

Bach, Barock a Berlin? Net nëmmen!

De Rundfunk-Sinfonieorchester vu Berlin spillt Musek vum Bach, mee och Rameau an Händel a weist Gespier fir d'Barockmusek. Och dobäi ass d'Klassik mat der "Militärsinfonie" vum Georg Friedrich Händel.

E Lëtzebuerger Rising Star: Benjamin Kruithof

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof steet bei dësem Concert am Mëttelpunkt. Den 1. Oktober 2024 ass hien an der Serie Rising Stars an der Philharmonie opgetrueden, zesumme mam Pianist Marco Sanna.

Au seuil de l'avent 2024

Ee Concert ganz am Zeeche vum Anton Bruckner

Auf der gleichen Saite

Aus der Rei vun de Concert-apéritif vun de Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker héiert Dir de Concert “Auf der gleichen Saite”.

Chrëschtconcert

Klassiker aus Chrëschtdagsfilmer

De Christus-Oratorium vum Franz Liszt

An dësem Live-Matschnëtt steet dee sielen opgeféierte Christus-Oratorium vum Franz Liszt um Programm.

Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

Vu Romantik bis hin zu Impressionismus an Jazz: Dräi Proffen aus dem Escher Conservatoire interpretéiere Wierker vun éischter onbekannte Komponisten an der besonnescher Konstellatioun vum Trio Piano, Flütt a Klarinett.

Dem Bruckner seng 7. Sinfonie

200. Jubiläum vum Anton Bruckner: Den däitschen Organist Christian von Blohn interpretéiert déi 7. Sinfonie vum Anton Bruckner am Kader vun den Anton-Bruckner-Festspiller zu Diddeleng an der Mäerteskierch.

De Johny Fritz an d'Erna Hennicot-Schoepges am Gespréich

Deenen zwou Lëtzebuerger Perséinlechkeete gouf am zweete Volume vum Lëtzebuerger Musekslexikon jeeweils en Artikel dediéiert.

Een Owend voller Brahms

Huelt Plaz an der Genfer Victoria Hall a genéisst en Owend ganz am Zeeche vum Johannes Brahms.

Bruckner 4 um Uergelfestival

Am Kader vun de Bruckner Festspiller spillt d'Bernadetta Šuňavská dem Anton Bruckner seng 4. Sinfonie a Mi bémol majeur.

"Sie ging ja nur vorbei"

Den Trio Dora an d'Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege féieren op der Bün duerch der Dora Pejačević hiert Liewen.

The Inventor vum Bramwell Tovey

Eng Oper geschriwwe vum fréiere Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.

Dem Tschaikowski säin "Nussknacker"

E Klassiker an der Chrëschtzäit