Concert
Op Staatsvisitt
D'Lëtzebuerger Philharmoniker an de Wayne Marshall mat der Groussherzoglecher Koppel zu Bréissel am Flagey
Um Programm:
Ivan Boumans (*1983): Uechter d'Land
George Gershwin (1898-1937): Rhapsody in Blue
George Gershwin (1898-1937): An American in Paris
Interpreten:
Wayne Marshall, Piano an Direktioun
Lëtzebuerger Philharmoniker
Dëse Concert gouf de 17. Abrëll 2024 am Flagey zu Bréissel opgeholl.
D’Opnam vun dëser Opféierung, déi de Musiq’3 vun der RTBF gemaach huet, gouf dem 100,7 a sengen Nolauschterer frëndlecherweis vum groussherzoglechen Haff an der Lëtzebuerger Regierung zur Verfügung gestallt.
Dir kënnt dëse Concert nach bis de 24. November 2024 op www.opus.radio nolauschteren.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes