Radioen

On air

Moiesstudio  |  The Marías - Run Your Mouth

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Shiraki a Lecuit spille Geiesonate vu Beethoven

Shiraki a Lecuit spille Geiesonate vu Beethoven

Am Kader vum Klenge Maarnecher Festival spillen d’Pianistin Vania Lecuit an d’Geiistin Kae Shiraki d’Integral vun de Geiesonate vum Beethoven. Op dësem Concert stinn d'Sonaten Nr. 4 bis 7 um Programm.
Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 28. Abrëll 2024, deen am Kader vum Klenge Maarnicher Festival war. Dir kënnt d’Opnam nach bis den 22. Oktober 2024 op www.opus.radio nolauschteren.

Um Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827):
Sonat fir Gei a Piano Nr. 4 a La mineur, op.23
Sonat fir Gei a Piano Nr. 5 a Fa majeur, op.24
Sonat fir Gei a Piano Nr. 6 a La majeur, op.30, Nr. 1
Sonat fir Gei a Piano Nr. 7 an Do mineur op30, Nr. 2

Interpreten:
Vania Lecuit, Gei
Kae Shiraki, Piano

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Vu Korngold iwwer Bartók bis Boulanger

Den Alpesh Chauhan an den Andris Poga dirigéieren den Nationale Sinfonieorchester vun der italieenescher RAI.

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Mozart made in Manchester

Huelt zesumme mam Joachim Fontaine Plaz am radio 100,7- an opus 100,7-Concertssall a genéisst dëse Concert vu Manchester.

Strauss, Bruch a Wagner

En däitsche Komponisten-Trio am Géigesaz zu der franséischer Komponistin Mel Bonis.

Bach, Barock a Berlin? Net nëmmen!

De Rundfunk-Sinfonieorchester vu Berlin spillt Musek vum Bach, mee och Rameau an Händel a weist Gespier fir d'Barockmusek. Och dobäi ass d'Klassik mat der "Militärsinfonie" vum Georg Friedrich Händel.

E Lëtzebuerger Rising Star: Benjamin Kruithof

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof steet bei dësem Concert am Mëttelpunkt. Den 1. Oktober 2024 ass hien an der Serie Rising Stars an der Philharmonie opgetrueden, zesumme mam Pianist Marco Sanna.

Au seuil de l'avent 2024

Ee Concert ganz am Zeeche vum Anton Bruckner

Auf der gleichen Saite

Aus der Rei vun de Concert-apéritif vun de Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker héiert Dir de Concert “Auf der gleichen Saite”.

Chrëschtconcert

Klassiker aus Chrëschtdagsfilmer

De Christus-Oratorium vum Franz Liszt

An dësem Live-Matschnëtt steet dee sielen opgeféierte Christus-Oratorium vum Franz Liszt um Programm.

Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

Vu Romantik bis hin zu Impressionismus an Jazz: Dräi Proffen aus dem Escher Conservatoire interpretéiere Wierker vun éischter onbekannte Komponisten an der besonnescher Konstellatioun vum Trio Piano, Flütt a Klarinett.

Dem Bruckner seng 7. Sinfonie

200. Jubiläum vum Anton Bruckner: Den däitschen Organist Christian von Blohn interpretéiert déi 7. Sinfonie vum Anton Bruckner am Kader vun den Anton-Bruckner-Festspiller zu Diddeleng an der Mäerteskierch.

De Johny Fritz an d'Erna Hennicot-Schoepges am Gespréich

Deenen zwou Lëtzebuerger Perséinlechkeete gouf am zweete Volume vum Lëtzebuerger Musekslexikon jeeweils en Artikel dediéiert.

Een Owend voller Brahms

Huelt Plaz an der Genfer Victoria Hall a genéisst en Owend ganz am Zeeche vum Johannes Brahms.

Bruckner 4 um Uergelfestival

Am Kader vun de Bruckner Festspiller spillt d'Bernadetta Šuňavská dem Anton Bruckner seng 4. Sinfonie a Mi bémol majeur.

"Sie ging ja nur vorbei"

Den Trio Dora an d'Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege féieren op der Bün duerch der Dora Pejačević hiert Liewen.

The Inventor vum Bramwell Tovey

Eng Oper geschriwwe vum fréiere Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.

Dem Tschaikowski säin "Nussknacker"

E Klassiker an der Chrëschtzäit