Bewosst Gesond
Den Immunsystem mat der richteger Ernärung stäerken
9 min
Den Immunsystem ass de Schutzsystem vun eisem Kierper géint Infektiounen, Viren a Bakterien. En erkennt a bekämpft Krankheetserreeger a schützt eis esou virun Infektiounen a Krankheeten. Mee den Immunsystem huet net nëmmen d’Funktioun eis ze verdeedegen - en hëlleft och geschiedegt Zellen ze reparéieren an de Kierper am gesonde Gläichgewiicht ze halen.
"Ech recommandéieren och, regelméisseg fermentéiert Liewensmëttel wéi Joghurt, Kefir oder Sauerkraut ze iessen, fir d’Darmgesondheet ze ënnerstëtzen. Vergiesst net déi gesond Fetter, déi een a Fësch, Nëss a Käeren fënnt – déi liwweren Omega-3-Fettsaieren, déi entzündungshemmend wierken. An natierlech: Besonnesch an de Wanterméint sollt een op eng genuch Vitamin-D-Zoufuer oppassen, sief et duerch d ‘Iessen oder duerch Ergänzungen, wann néideg."
E staarken Immunsystem bedeit also net nëmmen, datt mir méi rar krank ginn, mee och, datt eisen Organismus Entzündunge besser bewältegt a sech méi séier regeneréiere kann. Explikatioune vun der Dieteticienne Stéphanie Rosquin
Presentéiert vum
- Angie Maquil